Back to events

Wisefestival

Sat, Sep 12, 2026 at 12pm

About this event

De Wisefestival ass een Open-Air Museksfestival organiséiert vun den Eschduerfer Guiden a Scouten. Vun 12:00 Auer u wäerte lokal a lëtzebuerger Artisten op enger grousser Bühn iech mat hire feinste Kläng verféieren an Eschduerf zum Danzen bréngen.

Mee d’Vilfalt vum Wisefestival geet wäit iwwer d’Musek eraus. Eng grouss Auswiel un Iess- a Gedrénksstänn féiert iech kulinaresch duerch den Dag. Och fir Familljen a Kanner ass gesuergt: Vun 12:00 -18:00 kënnen all eis Jonk an all déi déi sech sou fillen, an eiser Kids-Zone, kreativ Atelier’en, spilleresch Aktivitéiten an déi eng oder anerer Attraktioun erliewen.

Zousätzlech kënnt dir bei eise Maartstänn vu lokale Kënschtler a Kreativen allerlee schéin a mat Léift gemaachte Saache entdecken – perfekt, fir e klenge Souvenir oder eppes Besonnesches mat Heem ze huelen.

De Wisefestival ass méi wéi just e Festival – et ass eng Geleeënheet fir zesummenzekommen, nei Leit kennen ze léieren an e flotten Dag an entspaanter Atmosphär ze verbréngen. Mir freeën eis op iech!

Méi Informatiounen fann dir op wisefestival.lu

Summary

Generated with the help of AI.

De Wisefestival ass een Open-Air Museksfestival organiséiert vun den Eschduerfer Guiden a Scouten.