Back to events

Serge Tonnar & Georges Urwald : „Kapoutty“

Wed, Sep 30, 2026 at 8pm

About this event

𝗠𝗨𝗦𝗘𝗞
𝗢𝗣 𝗟𝗘̈𝗧𝗭𝗘𝗕𝗨𝗘𝗥𝗚𝗘𝗦𝗖𝗛
𝟵𝟬 ’

𝗣𝗿𝗮̈𝘀𝗲𝗻𝘁𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘁 𝗮𝗻 𝗭𝗲𝘀𝘂𝗺𝗺𝗲𝗻𝗮𝗮𝗿𝗯𝗲𝗰𝗵𝘁 𝗺𝗮𝘁 𝗱𝗲𝗿 𝗞𝘂𝗹𝘁𝘂𝗿𝗸𝗼𝗺𝗺𝗶𝘀𝘀𝗶𝗼𝘂𝗻 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗚𝗲𝗺𝗲𝗻𝗴 𝗠𝗮𝗺𝗲𝗿.

𝗗𝗲 𝗣𝗼𝘂𝘁𝘁𝘆 𝗦𝘁𝗲𝗶𝗻, 𝗴𝗹𝗶𝗱𝗱𝗲𝗴 𝗮𝘂𝘀 𝗱𝗲𝗿 𝗣𝗮𝗻.

Den Duo Serge Tonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, erlieft een hei op eng opgefrëschte Manéier. Dem Serge seng bal erzieleresch Interpretatioun an dem Georges seng Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen, setzen esou den Text an d‘Geschichten an de Mëttelpunkt.

No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm 𝘈𝘶𝘴 𝘥𝘦𝘳 𝘏𝘦𝘦𝘮𝘦𝘤𝘩𝘵, hunn si elo hiren neien Album 𝘒𝘈𝘗𝘖𝘜𝘛𝘛𝘠 am Gepäck: Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi „Déi Schnëss“ oder „De schéine Poli“, kritt een och manner Bekanntes – dofir net manner opreegend – ze héieren.

Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.


𝗕𝗜𝗟𝗟𝗝𝗘𝗘𝗘̈𝗡

Vollen Tarif: 22,50 €
Reduzéierten Tarif: 8,00 €

kinneksbond.mapado.com
info@kinneksbond.lu | (+352) 26 39 5 – 160

Summary

Generated with the help of AI.

A theater concert performance by Luxembourgish duo Serge Tonnar and Georges Urwald, presenting their program „Kapoutty“. The duo reinterprets classic Luxembourgish songs in a radically new way, with Serge's storytelling vocals and Georges' piano arrangements. The new album features songs by Poutty Stein, considered the father of Luxembourgish chanson, including classics like „Déi Schnëss“ and „De schéine Poli“ alongside lesser-known pieces, plus a few numbers from their predecessor Dicks, creating a unique recital of Luxembourgish song heritage. Tickets are €22.50 full price and €8.00 reduced.