Back to events
Cube521Cube521

Serge Tonnar & Band

Sat, Oct 31, 2026 at 8pm

About this event

Am Programm "ANPLACKT" (= unplugged) spillt de Serge Tonnar mat senger Band nei an al Lidder an engem frësche Kleed, mat méi akustesche Kläng ronderëm de Brëtellspiano an déi dréche Gittaren.

D'Première am Dezember 2023 gouf mat Begeeschterung opgeholl a mat standing ovations belount. De leschten Album "Jo an Amen”, ass eng Sammlung vu Lidder wéi klanglech Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 opgeholl goufen. Hei gëtt sech op wiesentlech Wäerter wéi Natur, Frëndschaft a Léift zréckbesënnt, an och d'Fro gestallt vum Wäert vum Liewen aus den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer, dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an deen sech wiere muss, wéi en Don Quichotte, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt. Dat kléngt no schwéierem Kascht, ma keng Angscht, Humor a Gefiller suerge fir Liicht (a Liichtegkeet), grad wéi déi méiglech Ausweeër aus dem Leed, déi dacks an den Texter virgeschloe ginn. De Serge a seng Musiker huelen och ëmmer nees ganz nei Stécker mat an de Programm, déi ee vläicht nach guer net héieren huet. Musikalesch geet et zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Balladen a Protest Songs.

Erwachsene: 26€ | Gruppen: 21€ | <26 Jahren: 12€ | Kulturpass: 1,50€

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu
Foto © Francois Zuidberg

–––

Dans le cadre du programme « ANPLACKT » (version « unplugged »), Serge Tonnar et son groupe revisitent des chansons, anciennes comme récentes, dans une nouvelle atmosphère. L’accent est mis sur des sonorités plus acoustiques portées par l’accordéon et les guitares acoustiques. Concert en luxembourgeois.

Plein Tarif : 26€ | Groupes : 21€ | <26 ans : 12€ | Kulturpass : 1,50€

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu
Photo © Francois Zuidberg

Summary

Generated with the help of AI.

A live concert featuring Serge Tonnar and his band performing songs, old and new, in an unplugged format with acoustic sounds around accordion and acoustic guitars. The programme draws on world music, ballads and protest songs, sung in Luxembourgish. Tickets are priced at 26€ for adults, 21€ for groups, 12€ for under-26s, and 1.50€ for Kulturpass holders.