Back to events

Meet the Winners! Erschafen, ausstellen, iwwermëttelen

Wed, Sep 30, 2026 at 12pm

About this event

Wéi kënne Fuerschung an architektonesch Praxis dozou bäidroen, eist gebauten Ierwen ze verstoen, ze erhalen an nei ze denken?

D’Diane Heirend an d’Céline Zimmer, allebéid ausgezeechent mam Luxembourg Architecture Award 2026, deelen hir Approchen an d’Weeër, wei hir Aarbecht d'Fuerschung, eng Ausstellung an en ëffentlechen Austausch mat enee verbannen.

D’Diane Heirend, ausgezeechent mam Special Award, schwätzt iwwer d’Restauratioun vun der Villa Kutter, hir Fuerschung an Dokumentatioun an d’Publikatioun Réparer la Villa Kutter – e Beispill fir eng bewosst Ausernanersetzung mam Erhalt vun der moderner Architektur.

D’Céline Zimmer, ausgezeechent an der Kategorie Représenter et documenter, presentéiert Our New Housing – An Invitation to Cooperate a weist, wéi Fuerschung iwwert d’Wunnengskris an d’Wunnkooperativen duerch eng Ausstellung, en ëffentlechen Debat an nei Initiativen ausléise kann.

No de Presentatioune gëtt et bei engem gemeinsame Mëttegiessen d’Geleeënheet, den Austausch an engem méi informelle Kader weiderzeféieren.

🇱🇺 Op Lëtzebuergesch
🎟️ Gratis, Umeldung obligatoresch
🍴 Optional Mëttegiessen: 20 €

Summary

Generated with the help of AI.

Talk and discussion event Meet the Winners, where the two winners of the Luxembourg Architecture Award 2026, Diane Heirend (Special Award) and Céline Zimmer (Représenter et documenter), present their research, restoration and documentation work, along with related exhibitions and public debates. The session includes presentations followed by a shared lunch to continue the conversation in a more informal setting. Admission is free with mandatory registration, and an optional lunch is available for €20.