Back to events
ArtikussArtikuss

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet - Independant Little Lies

Sat, Sep 19, 2026 at 8pm

About this event

Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz

Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner
Bün a Kostüm: Michèle Tonteling
Persoun mat Anung: Antoine Lazzari
Luucht: Marc Thein
Produktiounsleedung: Jill Christophe

Wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire op säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies – ILL.
ILL gëtt vum Kulturministère a vun der Stad Esch-Uelzecht ënnerstëtzt.

Foto © Bohumil Kostohryz