Back to events

Kiermes zu Buurschent

Sun, Sep 6, 2026 at 12pm

About this event

No engem Joer Paus, ass Jeunesse Buurschent frou, iech op hiert 2. Editioun vun der Kiermes zu Buurschent op eng Kiermesham ze invitéieren🙌🏼

Dat ganzt fënnt zu Buurschent am Schoulhaff vun der Primärschoul ënnert dem Préo statt, wou mer virum Iessen och ee gemittlechen Aperitif ab 11:30 zerwéieren, fir déi Léit di eventuell keng Zäit hu fir Iessen ze kommen (Dat gëllt natierlech och vir nom Iessen)🥂🍻

De Menü ass eng klassesch Kiermesham (Fritten a Zalot) a fir déi kleng ee waarme Wupp mat Fritten🍽️

Als Dessert fir déi di wëllen hu mer och Kaffi a puer gutt Stecker Kuch do☕️🧁

Mëllt iech w.e.g. beim Tom Junker um +352 621 421 457 / iwwer jeunessebuurschent@gmail.com un an iwwerweist uschléissend de Betrag, mam Numm vun der Reservatioun an de Menü'er op eise Kont. E réischt dono ass är Umeldung och komplett!⚠️

⚠️Macht Iech bei dëst Joer sinn eis Plazen begrenzt!⚠️

Mir freeën eis op e puer flott Stonne mat Iech!🥳🍻

Summary

Generated with the help of AI.

This is a village fair and ham meal (Kiermes) organized by Jeunesse Buurschent, the second edition after a one-year break. The event takes place in the schoolyard of the primary school in Buurschent, with aperitif service from 11:30 followed by a traditional Kiermesham (ham with fries and salad), a kids' menu of warm wupp with fries, and coffee with homemade cake for dessert. Reservations are required in advance via phone or email with payment by bank transfer, as places are limited. The event is organized by the local youth association as a community gathering.