Back to events

Jugendrallye

Sat, Sep 26, 2026 at 2pm

About this event

[Opgepasst: Neien Datum!]

D'Jugendkommissioun vun der Gemeng Monnerech organiséiert, zesumme mam Jumo, dem CISMR, der Monnerecher Musek an dem FC Monnerech, déi 2. Editioun vum "Jugendrallye" duerch eis Gemeng.

Wien: fir Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer
Wéini: e Samschdeg, de 26. September 2026
Check-in: vun 13h30 Auer un
Départ: vu 14 Auer un
Wou: Start beim Pompjeesbau ( 6a, Grand-rue zu Steebrécken)
Arrivée beim JUMO (1, rue de l'Eglise zu Monnerech)

Wat soll ee matbréngen?

➤ fest Schung
➤ Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn
➤ e Smartphone wou d'gratis App "𝐊𝐨𝐦𝐨𝐨𝐭" installéiert ass
➤ eventuell eng Powerbank
➤ eng Warnwest fir all Member vun ärer Ekipp
➤ en Notizblock & e Bic
➤ e Bidon fir mat Waasser ze fëllen
➤ e bësse Boergeld

Mellt är Ekipp vu 4 bis 6 Leit bis den 19. September 2026 mat engem Mail op info@jumo.lu un. D'Umeldung gëllt eréischt mat der Iwwerweisung vum Startgeld (5 Euro pro Persoun) op de Konto vum Jumo (LU30 0019 3955 4512 9000 - Betreff: "Jugendrallye + Numm vun der Ekipp").

Am Startgeld ass eppes vum Grill an e Gedrénks mat abegraff.

Summary

Generated with the help of AI.

The Jugendrallye is a youth rally running from 2:00 PM to 10:00 PM, aimed at young people aged 12 to 26. Teams of 4 to 6 participants travel on foot through the municipality, using the free Komoot app for navigation, with checkpoints between the start at the Pompjeesbau and the finish at the JUMO. The entry fee is €5 per person, which includes a small grill offering and a drink; teams must register by September 19 via email and transfer the fee to the JUMO account. Required gear includes sturdy shoes, weather-appropriate clothing, a smartphone with Komoot installed, a power bank, a high-visibi