🎉 EX DE BAL 2026 – Et ass nees sou wäit!🚨
Den EX DE BAL geet an déi 6. Ronn – a mir si prett och dest Joer mat iech eng onvergiesslech Nuecht ze feieren! 💥🔥
📅 Samschdes, den 14. November
📍 Sportshal Viichten
🕘 Ufank: 21h00
🎧 Fir déi beschte Beats hu dëst Joer folgende Line-Up:
• DJ CS 🔊
• DJ PixelPerInch 👾
• DJ Dee 🪩
🎛️ Bühn, Beliichtung & Effekter:
Fir déi perfekt Atmosphär suergt och dëst Joer nees de SIGMA7 mat enger impressionanter Liichtshow, spektakulären Effekter an enger Bühn, déi garantéiert staunen léisst! 🔥✨
🍹 Fir d’Gedrénks ass natierlech erëm beschtens gesuergt:
Nieft eiser Cocktailbar 🍹 an Shotbar 🥃 fannt dir och um normale Comptoir eng grouss Auswiel u Gedrénks fir all Goût. 🍻🥂
🌭 Honger?
Och fir den Honger ass iwwer den ganzen Owend gesuergt – mat Gegrills an anere leckere Saachen. 🌭🍗😉
🚌 Sécher op de Bal & sécher heem:
Natierlech fueren och erëm Latenightbusser an bréngen dech bequem op de Bal an dono erëm sécher heem. 😁🚌
🚫 Wichteg:
Keen Entrée ënnert 16 Joer! ❗️
🎟️ D’Virverkeef sin spéider bei all Member ze kréien!
Markéier dir den Datum schonn elo rout am Kalenner a komm laanscht, wann et den 14. November nees heescht: EX DE BAL!❤️🔥
Mir freeën eis op dech! ✨
De Club 2000 Viichten-Méchelbuch🐣🎉