Back to events

Erlieft d’Magie vun beweegte Biller am Musée « A Possen »!

Sat, Oct 24, 2026 at 2pm

About this event

De 24. Oktober si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, an d’zauberhaft Welt vun de Laterna Magica anzedauchen.
Ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice stellt Dir Är eege Laterna Magica hier – en historeschen Apparat, dee laang virum Kino erfonnt gouf, fir gemoolte Biller ze projezéieren an esou Geschichten zum Liewen ze bréngen.

Fir dësen Atelier loosse mir eis vun der Versgeschicht vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Auguste Liesch inspiréieren: d’Erzielung em d'„Maus Ketti“, enger klenger Feldmaus, déi zu Biermereng, engem idyllesche Miseler Duerf, lieft. D’Participante kënne verschidden Zeene vun der Geschicht op Pabeier gestalten an dës duerno mat hirer selwer hiergestallter Laterna Magica projezéieren. Dobäi zerwéiere mir wéi gewinnt e klenge Snack mat engem Gedrénks!

Dësen Atelier ass déi perfekt Geleeënheet, d’Funktioun vun deenen éischten opteschen Apparater z’entdecken, d’Virstellungskraaft vun eelere Geschichtenerzieler nozevollzéien a eege Geschichten ze gestalten – Geschichten, déi gedeelt kënne ginn!

Samschdeg, 24. Oktober
Vu 14:00 bis 17:30 Auer
Fir all Altersklassen (Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Reservatioun obligatoresch per Telefon ënnert +352 23 69 73 53 oder per E-Mail op info@musee-possen.lu
Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer

_________________________

Vivez la magie des images animées au musée « A Possen » !

Le 24 octobre, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) sont invités à plonger au cœur de la poésie des lanternes magiques.
Accompagnés de notre médiatrice, vous fabriquerez votre propre lanterne magique,dispositif ancien qui, bien avant l’invention du cinéma, permettait de projeter des images peintes dans le but de raconter des histoires.

Pour cet atelier, nous nous inspirons de l’histoire en vers de l’écrivain luxembourgeois Auguste Liesch : le récit de « Maus Ketti », une petite souris des champs vivant à Burmerange, un charmant village mosellan. Les participants pourront illustrer différentes scènes de l’histoire sur papier, avant de les projetergrâce à la lanterne magique qu’ils auront eux-mêmes fabriquée. Le tout sera agrémenté du traditionnel petit goûter avec une boisson et une gourmandise !

Cet atelier est l’occasion parfaite de comprendre le fonctionnement des premiers dispositifs optiques, explorer l’imagination des conteurs d’autrefois et créer ses propres histoires à partager !

Samedi 24 octobre
De 14h00 à 17h30
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par e-mail à info@musee-possen.lu
Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans