Eng interessant, ofwiesslungsräich a musikalesch Rees duerch d’Liewe vum bekannte Lëtzebuerger Entertainer Fausti (1940-2021) – vum Zweete Weltkrich iwwert déi wëll 60er a 70er bis zur Covid Pandemie. Eng Produktioun vum Iechternacher Lycée an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik an dem Trifolion.
Schauspiller, Erzieler, grousse Chouer, Begleetband an eng Leinwandprojektioun presentéieren Iech eng gesonge Geschichtsstonn, mat Lidder iwwert politesch an historesch Ereegnisser zu Lëtzebuerg an de bekannten Hits vum Fausti. Dëse Musekspektakel ass, no „Du Litty Do!“ (1872-1932) aus dem Joer 2023, den zweeten Deel aus der Trilogie, déi Lëtzebuerger Geschicht a Geschichten mat engem bekannten Entertainer als Protagonist, vun ugangs dem 19. Joerhonnert bis haut op d’Bün brénge wëll.
Erwachsene: 26€ | Gruppen: 21€ | <26 Jahren: 12€ | Kulturpass: 1,50€
Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu
Foto © All rights reserved
–––
Un voyage passionnant, varié et musical à travers la vie du célèbre artiste luxembourgeois Fausti (1940-2021) – de la Seconde Guerre mondiale aux années 60 et 70 jusqu’à la pandémie de Covid. Une production du Lycée d'Echternach en collaboration avec la Bibliothèque nationale et le Trifolion. Spectacle en luxembourgeois.
Plein Tarif : 26€ | Groupes : 21€ | <26 ans : 12€ | Kulturpass : 1,50€
Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu
Photo © All rights reserved