🇱🇺 Dëst Joer hëllt de #BeActive Dag zu Lëtzebuerg eng nei Form un, mat engem brandneie Format. Fir déi éischte Kéier fënnt dësen Dag, deen Sport a kierperlech Aktivitéit feiert, gläichzäiteg an véier Gemengen statt: Péiteng, Wooltz, Sténgefort an Iechternach.
Als Héichpunkt vun der Europäescher Sportwoch invitéiert de #BeActive Dag Leit vun all Alter dozou, e Dag voller Beweegung, Entdeckung a Spaass ze genéissen. Iwwert de ganzen Dag ginn an de véier Gemengen eng grouss Villfalt u sportleche Aktivitéiten, Schnupperstonnen, Atelieren an Ënnerhalung ugebueden, sou datt fir jiddereen eppes dobäi ass. D'Freed un der kierperlecher Betätigung steet am Mëttelpunkt vun dësem Dag. Egal ob Dir en erfuerene Sportler, en Ufänger oder einfach nëmmen fuerwelzeg sidd, de #BeActive Dag ass déi perfekt Geleeënheet, nei Sportarten ze entdecken, lokal Cluben a Veräiner kennenzeléieren an agreabel Momenter mat der Famill oder Frënn ze deelen.
D'Zil ass einfach: jiddereen dozou ze ermutigen, sech ze beweegen, Saachen auszeprobéieren, Spaass ze hunn an e méi aktive Liewensstil unzehuelen. Ziel vum #BeActive Dag ass et, Leit vun all Alter dozou ze inspiréieren, Sport zu engem wichtegen Deel vun hirem Alldag ze maachen.
Kommt bei eis op Wooltz kucken a feiert mat eis d'Europäesch Sportwoch an erliewt een Dag voller Freed a Spass.
🇫🇷 Cette année, la journée #BeActive prend une nouvelle dimension au Luxembourg avec un format inédit. Pour la première fois, cette journée dédiée au sport et à l’activité physique se déroulera simultanément dans quatre communes : Pétange, Wiltz, Steinfort et Echternach.
Temps fort de la Semaine européenne du sport, la journée #BeActive invite les personnes de tous âges à profiter d’une journée placée sous le signe du mouvement, de la découverte et du plaisir. Tout au long de la journée, un large éventail d’activités sportives, d’initiations, d’ateliers et d’animations sera proposé dans les quatre communes hôtes, afin que chacun y trouve son compte. Le plaisir de l’activité physique sera au cœur de cette journée. Que vous soyez un sportif confirmé, un débutant ou simplement curieux, la journée #BeActive est l’occasion idéale de découvrir de nouveaux sports, de rencontrer des clubs et associations locaux, et de partager des moments agréables en famille ou entre amis.
L’objectif est simple : encourager chacun à bouger, à s’essayer à de nouvelles activités, à s’amuser et à adopter un mode de vie plus actif. En mettant en avant la richesse et la diversité de l’offre sportive au Luxembourg, la Journée #BeActive vise à inspirer les personnes de tous âges à faire du sport un véritable plaisir au quotidien.
Rejoignez-nous à Wiltz pour célébrer ensemble la Semaine européenne du sport et profiter d’une journée riche en découvertes et en nouvelles rencontres